Meng Passioun

Ech sin d' Thiery Marthe

No mengem Diplôm als Décoratrice, wou ech nach e puer Joer dran geschafft hun, awer opgehaalen hun, wëll ech net méi konnt esou fräi schaffen wéi ech dat eigentlech wolt, hun ech en Ausgläich fir meng Kréatiwiteit gesicht.

VERLAAF
Meng Passioun Afrikanesch Pärelen, an iwwerhapt Schmuck huet virun 22 Joer ugefaang an ech sin op d’ Sich gaangen no spézielle Saachen.. a Matièren.
Op enger Rees an d’ USA, wou en groussen Festival vu Kënschtler war, hun ech eng Matière gesin wou ee sèlwer kann modeleieren , a wonnerschéin Pärelen kann machen an wat gebaack huet missen gin(Sculpey) an esou war den Ufank gemaat..
Mat der Zäit ass daat mir awer net méi duer gaang an ech hun gesicht fir weider zekommen, an esou sin d’Matièren déi ech verschaffen emmer méi edel gin.
Vun Afrikaneschen Glaspärelen , Sculpey, weider op hallef Edelsténg, dann Edelsténg mat Sëlwer, handgemaachten Glaspärelen mat Sëlwer, an haut vill Sëlwer mat verschiddenen Glaspärelen oder Sténg, oder awer och nemmen Sëlwer.
Sëlwer wat muss verschafft gin, gehummert, geléit, geätzt(antiqueiert) gestanzt an poleiert.

En eegenen Atelier a Shop war nach emmer e Wonsch vu mir, an dât ze réaliseieren wäer eng Erausfuederung, op déi ech mech géif rieseg frëeen.